Peru

30. Dezember 2018 Aus Von jacdah

No enger laanger Rees vun 20 Stonnen iwwer Paräis a Lima se mer nuets em 10:00 Peruzäit zu Chiclayo am Norden vum Peru ukomm, eis éischt Etapp.

Do se mer de 25. Juli eng Rei Atelieren vum Projet vum “Coton natif”, den ofgeschloss ass, kucke gaangen. Duerch de ganz ville Reen am Januar 2017 ware eng Rei Atelieren déck beschiedegt ginn a mir hate gehollef se rëm opzebauen an zwar sou, dat se waasserfest sënn. D’Fraen se rëm voll am Schaffen a mir hunn eng Partie nei Aarbechten bestallt fir um Chrëschtmaart zu Dikrich ze verkafen.

Den Dag drop se mer an de neie Projet gefuer: deen huet eis vun Chiclayo, dat op 500 m läit, op 3000 m Héicht gefouert. D ’Strooss war e bessere Feldwee an et gung permanent biergop … an owes fir zréck natiirlich biergof. Hei gi mat Hëllef vu Bewässerungsanlagen (Sprenkler mat natierlechem Drock) am Hank aromatisch Kraider geséint. No der Ernt ginn se gedrëschent a verkaaft.

Zu Chiclayo hate mer och nach bëssen Tourismus gemaach; Chiclayo an Emgéigend war den Zentrum vun der Mochekultur, déi am Norden vum Peru vum 1. bis an d’8. Joerhonnert gedauert huet.

Vu Chiclayo gung et mat Fliger iwwer Lima op Arequipa ( 2 200 m Héicht).

Panorama Bierger a Misti

Panoramabild vun Arequipa mat am Fong d’Bierger

Misti-3-ok.jpg

De aktive Vulkan Misti dominéiert Arequipa

Arequipa get och nach déi „weiss Stad“ genannt, well d’Heiser mat de weisse Sialsteng gebaut guffen.

Arequipa plaza armas Vu Kathedral 2

Plaza de Armas

Nördlich vun Arequipa leien puer Däller, déi rof op de Pazifik lafen. Den Héichplato ass ganz drëschen, awer an den Däller, wou Flëss lafen, ass duerch d’Bewäserungs-méiglichkeet den Ubau vun Uebstbeem an Drauwen méiglech. Zënter dem Jar 2000 sënn do a verschiddenen Däller ( Siguas, Vitor ) duerch eis Projeten Uebstplantagen a Wéngerten ugeluecht ginn. Duerch Projeten mat Beienzuucht ass d’Bestäubung vun de Bléie garantéiert an duerch de Verkaf vum Hunneg a Pollen kann och nach eppes verdéngt ginn.

Mir waren den 30. Juli an de Vitordall Beiprojete an den Drauwenubauprojet besichen.

D ‘Wéngerten se schéin entwéckelt a si hunn se och well vergréissert. Lo wëllen se eng kleng Kellerei fir Pisco ze produzéieren, hiert Nationalgedrinks. Buergermeeschtesch war souguer ugetrueden!

Nei Beieprojeten lafe lo an engem méi entfernten Dal, dem Majesdall, den och nëmmen op em 500 m Héicht leit. Hei zillen se vill exotesch Fruuchtarten wéi Avocado, Banannen an och do ass d’Bestäubung wichtig.

Vun Arequipa se mer no Nordosten, op den Héichplato vun den Anden, op Cusco geflunn, wat den Uursprungsuert vun der Aarbecht vun eiser ONGD ass. Zu Cusco selwer an an der Emgéigend hate mer bis lo déi meeschte Projeten. Momentan schaffe mer nach mat 2 Organisatiounen: IIDA ( Instituto de Investigación y Desarollo  Andino Amazonico) an APU ( Asociación Pueblo Indigena en Acción).

1) IIDAA

De Sergio Mora a sengt Meedchen d’Yesenia schaffe mat engem Agrotechniker an den entleeënen Dierfer an den Andendäller 200 km südlech vu Cusco. An dësen Dierfer liewen d’Leit, nach wéi fréier am Mëttelalter bei eis: just vun deem wat se selwer zillen. Well et awer nëmme während 3-4 Méint am Joer (Dezember bis Mäerz) reent an de Rest vum Jar drëschen ass, kënnen se nëmmen an deene 4 Méint séien a planzen. Mat de finanzielle Mëttel vun der EBMLA (Dank dem Cooperatiounsministär an ären Donen) kanaliséiert IIDAA d’Wasser aus de Lagunen an de Baachen, déi vun de Gletscher kommen, a Réier a leet et bis op d’Felder. Dës Felder kënnen da mat Sprenkelanlagen, déi Dank der Gravitéit an de Bierger problemlos funktionnéieren, zu all Zäit vum Joer bewässert ginn, och an deene Méint, an deenen et net reent. Dës Bewässerung erlaabt eng bis zwou weider Rekolten.

Op eiser Reess huet dat da su ausgesinn: eng Rei Kilometer trëppelen op stolzen 4000 m Héicht fir bis op déi Plazen ze kommen, wou d’Quelle gefaasst goufen. Begleed goufe mer vum halwer Duerf an natiirlich huet d’Musik ni gefeelt. Da goung et biergof dem Trajet vun de Réier no bis op d’Felder, fir do da vun eng ganzer Rei stolzer Andebewunner hier Felder, hier Bewässerungssystemer an hier Uplanzunge gewisen ze kreien.

Duerch dei besser Bewässerung, kann och bei den Haiser d’ganzt Jar duerch an de d’Familjegäert Geméis fir den Hausgebrauch a fir de Verkaf ugebaut ginn.

Mat de Planze kënnen och Hénger, Mierschwéngercher a Kéi gefiddert a gezillt ginn, déi als proteinräich Nahrung zu engem Wandel an der Ernährung vun dësen Andebewunner bäidroen. Heinsdo kënnen si och souvill Mierschéngercher ziichten, dat si verkafe kënnen, well sou ee Mierschwéngchen ass am Peru eng Delikatess a kënnt bei all Festiessen op den Dësch. Och mir suzen no eisem “Trëppeltour” virun engem Teller mat enger halwer Doze Gromperen an engem Mierschwéngchen.

2) APU

APU schafft mat senger Équipe vu 6 Leit op 2 Gebidder: Produktioun vu Planzen a Bewässerung an am ländlechen Tourismus.

a) Landwirtschaft: des Projeten sinn eng 100 km nördlich vu Cusco um Plato vu Maras. Dest ass eng drësche Géigend mat wéinege natierleche Waasserreserven. Duerch déi Drëschent ass d’Erosioun duerch de Manktem u Vegetatioun ganz héich. Fir d’Erosioun ze bremsen gëtt versicht rem vill nei Beem ze zillen a op den Terrain ze planzen als Hecken em d’Felder oder als kleng Bëscher op Parzellen, déi ackerbaulesch net kenne genotzt ginn. An enger zentraler Bamschoul an an den Bamschoulen an den Dierfer zillen d’Awunner vum Som aus eenheemesch Baamarten, dorënner och Uebstbeem. D’Uebstbeem liwweren spéider och Friichten, déi der Ernährung déngen awer och verschafft a verkaaft kënne ginn.

 

Mir sinn eis dës Bamschoulen op eiser Rees ukucke gaangen a sinn och mat de Leit verschidde Parzelle kucke gaangen, déi si well beplanzt haten. Déi nach virun a puer Joer sou ausgedréchent Géigend ass bësse méi gréng an d’Leit hunn eis vum Wandel bericht, deen si dank dësen Uplanzunge bemierken: hier Felder se méi geschützt virum Wand an d’Waasser versickert oder verdonst net sou schnell wéi soss. Ënnerwee hate mer ëmmer allerlee Gespréich mat de Leit an och ee Cours iwwert d’richteg Schneide vun den Uebstbeem blouf net aus.

b) Ruralen Tourismus: Mat dësem Projet wëlle mer der indigener Bevölkerung d’Méiglichkeet ginn och vum groussen Touristestroum, deen zu Cusco an an der ganzer Emgéigend bestänneg wiisst, ze profitéieren. Vill Touristen ginn mam Rucksak um Bockel zu Fouss iwwert déi al Inkaweeër fir déi verschidden Inkasiten ze besichen. Si wëllen awer oft net nëmmen eng Reess an d’Vergaangenheet maachen, mee vill Toursten wëllen och d’Kultur an d’Traditiounen vun den Andebewunner vun haut kenneléieren. D’Equipp vun APU huet verschiddenen Dierfer, déi op strategisch gudde Punkte leien, erméiglecht hier Haiser sou anzeriichten, dat all Tourist, egal vu wou e kënnt, do iwwernuechte kann. Ausserdem kréien d’Touristen a verschiddenen Aktivitéite gewisen, wéi ee Woll fierft oder een engt typescht Iessen zoubereet. Och mir konnten bei der Preparatioun vun enger “Pachamanca” dobäi sinn, engem traditionellen Iessen, dat op waarme Steng gekacht gëtt.

An engem anere Volet an dësem Tourismusprojet goufen och nei Weeër ageriicht, déi den Touristen et erméiglecht op Natursiten ze kommen, déi spektakulär sënn. Och do goufen d’Leit aus den Dierfer ronderëm dës Routen an och hier Gemengen mat an d’Boot geholl, fir d’Touristen ënnerwee ze begleeden, sief et andeems si de Visiteuren eng Méiglechkeet ginn fir  eppes z’iessen respektiv hinnen mam Päerd oder mam Iesel eng Hëllef bereet stellen, fir bis uewen op de Bierg ze kommen. De Site, vun deem hei rieds ass, ass de sougenannte Bierg vun de siwe Faarwen, dee just zu Fouss oder eben um Réck vun engem Déier ze erreechen ass.

Och mir hunn eis op d’Aventure agelooss. Mam Auto koume mer bis op 4700 m. Ennerwee hate mer an enger wonnerschéiner Landschaft eng Herd Alpacae begéint. Awer dunn hu mer eist komfortabelt Gefier misse verloossen an zu Fouss virugoen. Et war wonnerschéin, eng impressionnant Landschaft, mee et war kal an d’Héicht huet et engem net einfach gemaach. Et hat ausserdem nach déi Nuechte virdru geschneit, sou dat vun de siwe Faarwe virun allem eng ze gesi war: déi wäiss. An awer si mer daper viru geklommen, bis op bal 5 000 m, bis d’Otmung net méi sou richteg matgemaach huet a mer d ‘Décisioun geholl hunn ëmzedréinen, an déi leschten 150 Héichtemeteren vun ënnen aus ze genéissen. Mee et war eng wonnerschéin Erfarong!

Vu Cusco se mer dunn a Bolivien viru geflunn. Dat war déi eenzeg komplizéiert Rees, déi mer haten, well mer zu La Paz hu missen emsteigen an do de Fliger verpasst hunn, well dee Fliger vu Cusco Verspéidung hat. Du se mer réicht Owes em 9:30 Auer zu Cochabamba geland amplaz em 13:00 Auer!