Kolumbien
Eis letzt Etapp huet eis iwwer Santa Cruz a Lima op Medellín gefouert. Do hu mer eng ganz Rei al Bekannter vum Monique aus senger Coopérantszäit vun 2011-2013 rëmgesinn.
Mir waren awer och an de Projet, deen 2018 richt ugefaangen huet. Et handelt sech och em een Ackerbauprojet an der Gemeng San Rafael nördlech vu Medellín. “La Iraca” heescht d’Duerf an deem de Projet “Crearte” säit dësem Joer ëmgesat gëtt. An enger hiwweleger Géigend op enger Héicht vu ëm 1 000 m wunne Leit, déi während dem Biergerkrich puermol hu missen hiert Lännereie verloossen, well et vun der “Guerilla” oder de “Paramilitares” besat war a si net méi sécher waren. Een Deel vun hiren Terrainen se momentan nach verminnt! Si kréie gehollef fir sich lo rëm nei op hiren Terrainen ze etabléieren. Dës Géigend ass subtropesch, waarm a fiicht. Sou dat si dat ganzt Joer zille kënnen. Si kréien och Technike bäibruecht, déi op ökologesche Methode baséieren a méi ëmweltschounend sinn.
Hei war d’Treffe mat de Leit alt mol rëm eng Kéier zimlech emotional. Och hei, wéi sou oft, si mir just zu Fouss un eist Zil komm. Naass geschweesst, awer iwerwältigt vun der Natur, koume mer bei de Leit vun Iraca un. Mir hunn eis fir d’éischt mat hinnen zesummegesat, fir eis géigesäiteg kennen ze léieren. Jiddereen huet sech kuerz virgestallt a wéi dat bis geschitt war, hunn d’Leit eis gesot, dat si immens frou sinn, dat mir den Effort gemaach hunn, fir bis bei si ze kommen. Et giff ni irgendeen bei si kommen an et giff och net wierklech een sich fir si intresséieren: keng Autoritéiten oder soss irgendeen. A lo giffe mir vu sou wäit kommen an de Wee op eis huelen, extra fir si besichen ze kommen. Si hunn eis du gefrot, firwat mir dat maachen. Mir hunn hinne versicht ze erklären, dat mir einfach hëllefe wëllen, well mir dëse Wee sou an eisem Liewe gewise kruten a well mir vlaicht d’Chance haten, éierns op d’Welt ze kommen, wou mir et méi einfach haten. Dësen Austausch mat de Leit vun Iraca war immens schéin a si ware sou dankbar, dat mir si besiche koumen. Den Tour duerch hier hiwelech Parzellen war herno, och wann et alt mol rëm kierperlech ustrengend war, een Tour voller schéiner Momenter, déi mir mat de Leit deele konnten.
No puer Dee Vakanz zu Medellín se mer Enn August midd, awer zefridden an iwwerzeegt, dat eis Projeten gudd funktionnéiren an hier Ziler erreeche wäerten, heem komm.