Vum 24. Juli bis de den 29. August war de President an d’Sekretärin vun der EBMLA eis Projeten a Südamerika besichen. Et war eng laang, interessant a léierräich Rees, op där mir vill erlieft hunn. Mir hunn d’Arbecht um Terrain kritesch beliicht a munche gudde Rotschlo fir Verbesserungen a Vereinfachungen ubruecht. Mir sënn iwwerall ganz frëndlech emfaange ginn; mir kruten oft eppes zeessen , meeschtens ze oft an da war et och nach vill ze vill.
Am Grousse Ganzen lafen d’Aarbechten an de Projeten wéi virgesinn an do wou well produzéiert gëtt sënn d’Rekolten wonnerschéin.
Mir haten och eis 4 Volontären, déi de Moment an de Projeten waren, begéint a si ware voll zefridden.