Bolivien
A Bolivien schaffe mer mat 2 Organisatiounen zesummen: zu Sacaba mat der Pastoral Social Cáritas Sacaba a mat KANCHAY, déi hiere Sëtz zu Cochabamba hunn, awer an ofgeleeëne Géigenden an den Ande schaffen.
a) Pastoral Social: bei hinnen hu mer 2 Projeten, déi allen zwéin mat Fraen an hire Kanner ze doen hunn.
– den een ass e Projet vun engem Fraenhaus, an dat Fraen mat hire Kanner opgeholl ginn, déi ënnert Gewalt am Stod gelidden hunn. Hei hunn d’Fraen ee provisoreschen Ënnerdaach, si kréien psychologesch gehollef an et gëtt versicht hinnen eng Aarbechtsplaz ze fannen, respektiv si kréien eng Formatioun ugebueden. Déi grouss Kanner ginn am Dag an d’Schoul, déi kleng ginn an der hauseegener Crèche versuergt a betreit; si kréien och bei hire Schoulaufgabe gehollef a ginn och soss ënnerstëtzt.
– den 2. Projet gräift an den 1. an : an der “Granja” liewen eng 3 000 Hénger, déi Eeër leeën. Hei schaffen puer vun de Fraen: si fidderen d ‘Hénger, hiewen d’Eeër op, botzen se, sortéieren se der Déckt no a verkafen se op engem Stand an der Stad Sacaba. Eng Madame huet eng Formatioun als Veterinärassistentin gemaach a kennt sich well gutt aus an der Héngerzuucht.
Dëse Projet leeft am Prinzip dëst Joer aus. Mir hunn awer op der Plaz gesinn, dat e nach muss virugeféiert ginn, well d’Recetten, déi generéiert ginn, nach net duerginn fir d’Ausgaben ze decken. Fir méi onofhängeg ze ginn, plangen se een eegenen Héngerstall ze kafen (den se lo hunn ass nëmme gelount); dofir feelt hinnen awer nach déi néideg Mënz! All Spent ass wëllkomm.
Bei der Visite vun dësen 2 Projeten, hu mir immens ergräifend Momenter erlieft an och mol eng Tréin am Knäpplach ass net ausbliwwen. D’Fraen, oder solle mer besser soen, d’Meedercher, well oft haten se mol nach keng 18 Joer, hu well Geschichten hannert sech, déi mir just aus Filmer kennen. A puer ergräifend Momenter hu verschidde Fraen eis hier Geschichten uvertraut: Gewalt, sexuelle Mëssbrauch, ongewollt Schwangerschaften, Prostitutioun an Trennung vun hire Kanner stounge bei dëse Fraen well a jonke Joren op der Dagesuerdnung.
b) Kanchay betreit Internater um Héichplato vun den Anden wäit weg vun de grousse Stiedt. D’Internater goufen niewent der Zentralschoul gebaut. An dësen Internater wunnen d’Kanner aus den Dierfer ronderëm. Mee ronderëm ass relativ: dës Kanner missten all Dag zu Fouss tëschent 1 a 4 Stonnen moies dohinner- an owes zréckgoen, fir an d’Schoul ze kommen. Dank den Internater kënnen si lo no bei der Schoul wunnen a brauchen de laange Wee just de Weekend ze maachen. Si ginn ausserdem och nach bei hirer Schoulaarbecht ënnerstëtzt a si léieren Planzen op eng ökologesch Aart a Weis ze zillen. Beim Internat zillen se och Hénger, Mierschwéngercher, Kanéngercher, Schwäin fir hiren eegene Bedarf. D’Kanner an d’Jugendlech kréien also eng integral Ausbildung, déi si och herno an hierem Liewen an hieren Dierfer virubréngt.
– Dat éischt Internat, wat mir besiche waren, leit zu Vila-Villa, eng 200 km südlech vu Cochabamba matten an den Anden op 4 000 m Héicht.

Landschaft em Vila Vila mat am Fong d’Duerf
Hei fréiert et nuets 220 Dee am Joer. Mir hunn 2 Nuechten do geschlof a moies war iwwerall Raureif! D’Haiser hu keng Heizung an déi géif och näischt hëllefen, sou ondicht wéi d’Fënstere sënn. Wärend dir also hei zu Lëtzbuerg ënnert méi wéi 30 Grad “gelidden” huet, hu mir eis déi kal Nuechten an den bolivianischen Anden gutt agepaakt, fir eis net ze erkalen.
Doduerch dat se Zären hunn kënnen se awer och an der kaler Joereszeit Geméis zillen. Si zillen och Beem fir um Land unzeplanzen a géint d’Erosioun ze kämpfen. An den Dierfer ronderëm, aus deenen d’Schüler kommen, hëlleft de Projet och de Baueren fir an der Reenzeit Waasser ze sammelen, fir wärend der Drëscheperiod eng zweet Rekolt ze kréien. Och an den Dierfer ginn a goufe Beem gezillt fir nei Bëscher uzeplanzen.
– Dat 2. Internat, wat d’ ”Bréck” ënnerstëtzt, leit nach 8 Stonne Faart méi no Süden, net weit vu Sucre. Ee ganzen Dag goung et iwwer besser Feldweeër duerch d’Anden: Schlangelinne rop a Schlangelinne rof. Hei gëtt net méi mat Kilometer gerechent, mee mat Stonnen. Heiansdo hu mer nëmmen 15 km an der Stonn gemaach, wa mer duerch een vun den drëschene Flossbetter gefuer sinn. Serpentine rop a Serpentine rof: mir haten an engem Dag 8 “Päss” iwwerquert.
An du koume mer zu San Marcos un. Dat leit op 2 500 m; hei ass et klimatesch agréabel an no der Keelt vu Vila-Vila war et eng Woltat. Si hunn hei dat ganzt Joer iwwer genug Waasser, sou dat si am Internat an och d’Baueren aus der Géigend permanent eppes zille kënnen. An dësem Internat schaffen se och niewent der schoulescher Ennerstëtzung mat de Kanner un enger Ausbildung um Niveau vum ökologeschen Ackerbau.